- This event has passed.
Vun Näichtnotze, Spëtzbouwen an allerlee Stiichtereien
December 14, 2017 @ 9:00 am - 10:00 am
€7 - €14Event Navigation
Vun Näichtnotze, Spëtzbouwen an allerlee Stiichtereien / storytelling for kids, 7+ / in Luxembourgish / Concept and storytelling: Betsy Dentzer / live translation in sign language by Véronique Steinmetz (Hörgeschädigten Beratung) / 1 school performance (9h30) / @Mierscher Kulturhaus
This event is part of the project BABEL. Ein Wort, ein Zeichen, by Mierscher Kulturhaus in collaboration with Solidarität mit Hörgeschädigten asbl, Centre national de littérature,Kasemattentheater and Schungfabrik Kayl
Si léie wéi gedréckt, si klauen Hénger a Säck voller Suen, si dreiwen déi gelungenste Spiichten, an dat meeschtens op d’Käschte vun deenen anere Leit…ma heiansdo hunn déi et och verdéngt. Näichtnotzen a Spëtzbouwe ginn et op der Welt nawell eng gutt Rëtsch, an dofir ginn et och eng sëllege Geschichten iwwert se z’erzielen.
Scho vill där Spëtzbouwe-Geschichten huet d’Betsy erzielt, mee et kommen ëmmer neier dobäi!
…”Nu kuck se mol, eis Spëtzbouwen,
a gëff och gläich gutt uecht:
Et ginn der vill, an och bei eis,
dofir sief dru geduecht:
ween alles gleeft, ass liicht ze kréi’n,
dee kritt der vill gestiicht,
a ween net kuckt, jo deen ass schnell
em e puer Mënz méi liicht…”